Senegal 2018

Hues du Loscht als RaRo am Summer 2018 mat an de Senegal ze goen?

Datum: 13.-26. August 2018

Wou: Um Terrain vum Formatiounszenter CIFOP zu Mboro

Firwat: Mir feiere, mat engem Camp, 30 Joer ONG „Guiden a Scouten fir ENG Welt“ an de Projet Senegal

Präiss: +- 1200 Euro (Rees, Openthalt a Visiten)

Unzuel u Participanten: 30 RaRo

! Opgepasst Ännerung !

Umelldung, bis den 28.Januar 2018 op senegal2018@raro.lu

Infoversammlung, den 30. Januar 2018 um 19:00 an der Géisserei

Bei weidere Froen, mell dech ënnert senegal2018@raro.lu

Beschreiwung

Preparatioun

Informatiuonsowend an 1 Weekend

Foundraisingaktiounen (zBsp. Hëllefen um Neijoerschpatt vun de LGS)

Firwat

1988 huet d’national RaRo Ekipp den éischte Camp zu Mboro am Senegal organiséiert.

Zwou ënnerschiddlech Kulturen hunn sech op dësem Wee kennegeléiert.

An der Summervakanz 2018, soll dës Frëndschaft lo geféiert ginn.

Dofir organiséiert d’RaRo Ekipp, an Zesummenaarbecht mat der ONG „Guiden a Scoute fir ENG Welt“, e weidere Camp am Senegal.

2 Woche laang treffen sech eng ronn 50 RaRo, aus dem Senegal an aus Lëtzebuerg, um CIFOP fir zesummen als Scouten eng eemoleg Erfarung ze deelen.

De CIFOP ass dee Centre de Formatioun, dee während deene Campen opgeriicht an ausgebaut ginn ass. Haut funktionéiert di Schoul virbildlech an erméiglecht ville jonke Senegalesen eng unerkannte Beruffsausbildung ze maachen.

200 Meter vum CIFOP ewech befënnt sech de CREPE, eng Primärschoul, di och während sëlleche Projeten opgebaut gouf.

Och am Summer wäert geschafft a gebaut ginn. Mee wéi op all RaRo Camp, steet den Austausch mat anere Guiden a Scouten am Virdergrond.

Jubiläumsfeier

Um Weekend an der Mëtt vum Camp gëtt den Ancien’en och Méiglechkeet gebuede laanscht ze kommen, mat ze feieren an un verschiddenen Aktivitéiten Deel ze huelen.

E puer Andréck vum Projet 2013: