Odyssee 2020

Info Odyssee 2020

 

D’ „Odyssee“ si Campen déi d’RaRo Branche all 3 bis 4 Joer am Ausland maachen. Dës Campen sinn déif an der pädagogescher Methode vun dëser Branche verankert. Ziler vun dëser Aktivitéit sinn de Kontakt an den Austausch ënnert Jonken aus verschiddene Kulturen. Duerch dës eenzegaarteg Experienz kréien déi Jonk d’Méiglechkeet iwwert hier Grenzen eraus ze goen a selwer hautno ze erliewen, wéi aner Leit op der Welt liewen.

Geplangt ginn dës Campen 2 Joer am Virfeld, dëst vun der nationaler RaRo Ekipp an de respektive Staffen.1 Joer virum Depart forméiert sech den Odyssee Grupp an d’RaRo am Alter vu 17 bis 23 Joer ginn intensiv an d’Preparatioune mat agebonnen. Zu dëser Preparatioun gehéiert ënnert anerem d’Deel huelen u Preparatiounsweekender wéi och d’Sammele vun Donen duerch z.B. Finanzaktiounen.

All Participant a Staffmember bezillt seng Rees a säin Openthalt selwer. D’Chantiere (Bauen, Renovéieren, Beem planzen,…), déi de Besoinen an der Demande vun de lokale Leit op der Plaz ugepasst ginn, ginn duerch Donen a Sammelaktioune finanzéiert.

 

Viraussetzungen:

  1. Umeldung

D’Umeldung, fir mat op en Odyssee Camp ze goen, ass just um Weekend de Lancement vum 12.-13. Oktober 2019 um Neihaischen méiglech. Et gi keng Ausname gemaach.

Umelle fir de Weekend de Lancement kann een sech als Clan oder als eenzele RaRo bis de 7. Oktober 2019 ënnert . Et kritt een eng Bestätegungsmail zréck.

D’Umeldung gëtt mat der Iwwerweisung vum Kit (ccf. Präisser) bestätegt. Definitiv Umeldung ass bis den 1. Preparatiounsweekend den 23.-24. November 2019 méiglech. No dësem Datum ginn d’Fligertickete gebucht.

Zrécktriede vun der Umeldung ass bis Méindes, de 25.November 2019 (ccf. Obligatoresch Datumer) méiglech. Duerno ginn déi bis dohinner iwwerwise Suen NET méi zréck iwwerwisen.

  1. Alter

Prioritéit fir mat ze goen hunn d’RaRo vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten. RaRo ass een, wann een am Alter vu 17 bis 23 Joer ass a Member vun de LGS ass. Member ass een, wann een am Membersfichier als RaRo an/oder als Chef agedroen ass.

Fir d’Projet’en Bolivien a Senegal muss een 18 Joer al sinn den Dag vum Depart. A Georgien kënnen, no Récksprooch mam respektive Campchef, 17 järeg Jonker matgoen.

Bolivien 18 Joer den Dag vum Depart
Georgien Participatioun mat 17 Joer méiglech, no Récksprooch mam Campchef
Senegal 18 Joer den Dag vum Depart

 

  1. Obligatoresch Datumer
Weekend de Lancement 12.-13. Oktober 2019 um Neihaischen
Preparatiounsweekend 1 (3 Projeten zesummen) 23.-24. November 2019 um Neihaischen
Charity Wanter Hike 8. Februar 2020
Preparatiounsweekend 2 (am respektive Projet) ·       Bolivien: 7.-8. Mäerz 2020

·       Georgien: 25.- 26. Abrëll 2020

·       Senegal: 25.- 26. Abrëll 2020

Weekend vun der Odyssee Night 26.-27. November 2020

Weider obligatoresch Datumer an Aktivitéite kréien d’Participante vun hire respektive Projetsstaffe matgedeelt.

  1. Dokumenter

D’Participante musse bis den 1.Prépaweekend am Besetz vun engem gültege Pass sinn. De Pass muss bis 6 Méint no der Réckrees gülteg sinn.

  1. Finanzen

D’Participatioun bezilt jiddereen, RaRo a Staffmember, selwer. Dës besteet aus:

  • Kit (160 Euro)

 

  • 25 Euro Participatioun Prepaweekend 1
  • 25 Euro Participatioun Prepaweekend 2
  • 25 Euro Participatioun Weekend vun der Odyssee Night
  • 28,25 Euro fir 1 Odyssee Plover
  • 22,70 Euro fir 2 Odyssee T-shirten
  • 16 Euro fir 2 Odyssee Foularden
  • 18 Euro Reserve

 

  • Rees an Openthalt (Campliewen a Visiten)

 

  • Bolivien: 1600 -1700 Euro (dovunner gréisste Part fir de Vol)
  • Georgien: 1000 -1100 Euro
  • Senegal: 1500 -1600 Euro

 

  1. Gesondheet

 

  • All Participant fëllt fir den 1. Preparatiounsweekend d’Odyssee Fiche médicale aus a bréngt se mat.
  • Um 1. Preparatiounsweekend ginn d’RaRo iwwert déi néideg Medezine/Hygiène Precautioune vun engem Dokter informéiert. Si kréien eng Fiche mat den néidegen Impfungen ausgedeelt, déi dee Moment och online gesat gëtt.

PDF

Info Odyssee 2020

Eroflueden